Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Archiv 2009
[Home] [Agenda] [Archiv 2009]
[Archiv 2012] [Archiv 2011] [Archiv 2010] [Archiv 2009] [Archiv 2008] [Archiv 2007] [Reckbléck 2006] [Archiv 2006] [Archiv 2005] [Archiv 2004]

Den « Tauschkrees Norden » huet eng Homepage !

Villmols Merci

Ech soen Eech villmols Merci fir Äer generéis Donen bei der Geléenheet vu méngem 40.-jähregen Priesterjubiläum.

Et sin am Ganzen 12.945 Euro zesumekomm.

Dës Sue fléissen integral an de Bau vun engem Haus zu Ouagadougou, Haaptstad vum Burkino Faso, fir eeler Fraen, déi verdächtegt gin, den AIDS  auszeléisen. Dofir gi si vun de Familljen an aus den Dierfer fortgejot. Si fanne séch erëm op der Strooss a wëssen net wouhin.

Villmols Merci vum M.-A. Scheidweiler-Recken vun der „Initiative Partage Afrique a vum Här Jean Poos.

Houschent

DChorale Sainte Cécile vun Houschent wënscht Iech schéin Feierdeeg an é glécklecht neit Joer 2009.

Wann Dir wëllt bei eis an der Chorale matsangen, dann rufft w.e.g. un beim Viviane Schmit (tél. 90 81 73). Och Kanner vum 4. Schouljoer un sinn wëllkomm. Eis Prouwen sinn jeweils Méindes Owes vun 19.30 bis 21.00 Auer.

Mir sichen och dringend no engem Organist fir regelméisseg op Houschent dMassen spillen ze kommen.

Bleiwt nach fir ären Agenda drop hinzeweisen, dat eise Kaffiskränzchen 2009 den 15. Februar am Centre 2000 zu Houschent stattfënnt. Dir sidd elo schon alleguer ganz häerzlech agelueden.

Woch fir dLiewen

Vom 12. bis 18. Januar 2009 ruft die katholische Kirche in Luxemburg zum ersten Mal zu einer „Woch fir dLiewen auf. Es soll ein kontinuierliches, jährliches Engagement in der nachweihnachtlichen Zeit werden.

Anliegen dieser „Woch fir dLiewen ist es unter anderem, unser Engagement  für das Leben zu stärken und das Anliegen des Lebensschutzes in der Öffentlichkeit zu vertreten. Das Programm dieser Woche finden sie im nächsten „Parblat

Kannermissiounssonndeg

Duerch de Verkaaf vun de Kometaen an der Uebstzalot no der Mass um Kannermissiounssonndeg konnten 606 € fir de Projet Eemol warm iessen un d'Kannermissiounswierk Lëtzebuerg iwwerwisen ginn.

Am Numm vun de Kanner vun Inirida (Kolumbien) soe mir Merci fir äer Ënnerstëtzung.

Baastenduerfer Massendénger:

Wéi all Joer verkafe mir nees op deene verschiddenen Advents-Weekender selwergebastelt Saachen no der Mass fir e gudden Zweck. Dëst Joer wëlle mir d'Kannerheem vu Jonglënster ënnerstëtzen. De Projet gëtt an der Owesmass den 13 Dezember 2008 virgestallt. Duerno invitéiere mir Iech all fir bei Glühwein, Kaffi, Kuch ... nach e puer gemittlech Stonne mat eis ze verbréngen..

Massendénger vun Housen :

Mir hunn och gudd geschafft a verkaafen eis selwer gebastelt Saachen all Kéier no der Mass. Den Erléis ass fir dAmicale Internationale dAide à lEnfance (ONG AIAE).

Bei hirer Bastelaktioun vum Advent hun si 262,50 € fir d Amicale Internationale dAide à lEnfance gesammelt. Si soen Iech villmools Merci fir Äer Ënnerstëtzung!

Houschter Massendénger

Dës Annonce vun den Houschter Massendénger war leider am Parblat fir Chrëschtdag vergiess ginn. Entschëllegt w.e.g. ! DAktioun dauert nach bis Liichtmëssdag – et ass also net ze spéit fir Iech drun ze bedeelegen!

Chrëstdagsaktioun vun den Houschter Massendénger

DMassendénger vun Houschent wëllen ee Projet vun dem Service Coopération a.s.b.l. vun den Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer ënnerstëtzen.

Bei hirer Entwécklungsaarbicht am Burkina Faso an Afrika schaffe si um Opriichte vun engem Centre technique de lamélioration de la traction asine (CTAA). Dobäi geet et drëm fir 1.200 Bauere bannen 5 Joer de fachgerechten Ëmgang mat Iesele bäizebréngen.

Duurch den Asaz vum Iesel erliichtert sech déi alldeeglich Aarbicht vun de Männer um Feld, mä och vun de Fraen a Kanner, déi net méi stonnelaang Waasser erbäidroe mussen. E grousse Virdeel bréngt dat de Kanner, déi sou Zäit hu fir an dSchoul ze goen an eng Chance kréien duurch Weiderbildung eng geséchert Existenz opzebauen.

Dir kënnt des Aktioun ënnerstëtzen duurch de Kaf vun Engelcher (2€) déi an der (renovéierter) Houschter Kiirch op de Beemche gehong ginn oder Dir kënnt och dës Aktioun zesumme mat den Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Burkina-Faso ënnerstëtzen duurch en Don op de CCP-Kont vun de Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération

LU 05 1111 0050 3083 0000
mat dem Vermierk CTAA / Houschter Massendénger

D Houschter Massendénger soen Iech villmools MERCI

Programm:

12. Januar 2009 – 10.30 Eröffnung der ersten "Woch fir d'Liewen" durch Erzbischof Fernand Frank bei den Franziskanerinnen Belair

13. Januar 2009 – 19.30 Konferenz:

"Lebenslust, Lebensfrust"
von Manfred Lutz

14. Januar 2009 – 20.30 Cinémathèque de Luxembourg

Filmvorführung
"Ich will Dich – Begegnungen mit Hilde Domin"

15. Januar 2009 – 17.00 Hôpital St. Louis Ettelbrück:

Vernissage der Ausstellung
"Wege suchen – Spuren finden"

17. Januar 2009 – 19.30 Belair Chapelle Christ-Roi:

Jugendmesse

18. Januar 2009 – 09.00 Betzdorf

Radiomesse aus der Pfarrkirche

18. Januar 2009 – 18.00 Pfarrkirche Ettelbrück:

E Moment vu Literatur, Gesang a Musek zum Thema:
"Begleeden – Liewen deelen"

Sandweiler

D Fraen a Mammen aus dem Dekanat fueren zesummen mam Bus op dGeneralversammlung vun der ACFL, déi dëst Joer am Centre Culturel zu Sandweiler stattfënd, an zwar Donnischdes, den 12. Februar 2009 – um 14.15 Auer.

Fahrplang:

Houschent:

12.05

Schinker:

12.10

Housen:

12.15

Wuelessen:

12.20

Pëtschend:

12.25

Tandel/Bastendorf-Halt

13.00

Umellungen bis spéitstens den 05. Februar 2009 um Telefon 83 46 01 béim Hermes Josée

Housen

Kannersegen

Et ass e schéine Brauch dem Härgott sei Segen op eis Kanner erofzeruffen.

An enger klenger Feier zu Housen an der Kiirch e Mëttwoch den 04. Februar 2009 um 15:30 Auer ginn d´Kanner vun 0 bis 6 Joer (oder och méi) geseent. Et wär flott wann all Kand ging een DIN A4 Blat matbrénge, wou säin Numm drop steet an eng vun dësen Uebstzorten gemoolt ass: Appel, Orange, Banann, Kiwi oder Pij.

Daffeier

En Donneschdeg, den 05. Februar 2009 ass um 20.00 Auer Versammlung am Parsall zou Houschent fir dElteren, deenen hir Kanner e Sonndeg, de 15. Februar 2009 gedeeft ginn.

Housen

Kannermissiounssonndeg
„Kanner siche Fridden

Mir feieren d´Mass fir de Kannermissiounssonndeg e Samsdeg, den 07. Februar 2009 um 18:00 Auer zu Housen an der Kiirch. No der Mass verkafe mir frëschen Uebstzalot a Kometaen. Kometa heescht iwersat Flugdrachen an ass a Kolumbien engt Symbol fir de Fridden an d´Fräiheet.

Mam Erléis ënnerstëtze mir de Projet Eemol waarm iessen fir d´Kanner zu Inirida (0,8 € pro Kand/pro Dag).

1 Uebstzalot fir 5 €, zwou fir 8 €.

E fäerdegen Kometa kascht 3 €, d`Material fir een ze bastelen 2 €.

Kollekten

De Samsdeg, den 07. Februar 2009 ass Kannermass fir Kannermissiounsdag.

DKollekt fir dKannermissiounswierk ass de nächste Weekend, de 14. an den 15. Februar 2009

Näidsen

DMass zu Éieren vum hellegen Matheis ass eréischt e Sonndeg, den 01. Mäerz 2009

Kannerpastoral

Mat engem Spaghettisiessen wëllt dEquipe Kannerpastoral Housen-Houschent de Musikanten(innen) a Sänger(innen) Merci soen fir hiren Asaz an de Kannermassen an deene leschten 3 Joer.

Réservéiert Iech elo schonn den 14. März (18:30). Detailer kommen nach.

E Sonndeg, den 15. Mäerz 2009 ass an der Paarkierch vun Housen um 16.30 Auer eng Faaschtenandacht ënnert dem Thema

vum „Hongerduch.

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech un dëser Andacht deelzehuelen.

Wuelëssen

DFraen a Mammen vum Dekanat Veianen invitéieren häerzlechst op hir

Dekanatsversammlung

Dënsdes, den 17. Mäerz 2009

zu Wuelëssen (Gemeng Housen) am Sall A Meesch - um 14.30 Auer

Géint 15:00 Auer: Referat iwer d' Palliativmedezin vum Dr Frank Jacob (Kriibsdokter a Chef vum Service "soins palliatifs"vun der Ettelbrëcker Klinik)

 

Parblat vun Ouschterdag

Mir freeën äis iwwert all Artikel, deen dLiewen an dSchaffen am Parverband
kommentéiert an illustréiert. Merci fir äer Mataarbicht. DMaterial muss bis
den 23. Mäerz 2009 virleien.

Houschent

Erwuessebildung vum Parverband
an der Faastenzäit 2009

Dest Joer gi mir op 2 Owender an der Faastenzäit méi iwwert dLiewen vum Hellege Paulus gewuer a mir entdecke wat dëse groussen Hellegen eis och nach haut ze soen huet. Reservéiert Iech Mëttwochs, den 18. an Donneschdes den 26. Mäerz 2009 all kéiers owes um 20.00 Auer zu Houschent um Parsall.

Referentin ass dJulia Meurer, Responsabel vun der Bibelpastoral Norden.

Stadgronn

Pilgerfaart zur
Schwarzer Notmuttergottes

Freideg, den 27. Mäerz 2009

Eise Parverband pilgert an de Stadgronn bei dHimmelsmamm an der Grënnescher Kierch. DPredigt gëtt gehalen vum Dechen Leo Wagener.

Départ: Housen 12.45 Auer – Houschent 13.00

Retour: géint 16.00 Auer an der Stad

Präis: 14 € – Umeldung: Tel 99 07 78 Bodson Vic. bis den 25. Mäerz 2009.

Baastenduerf

Andacht : e Sonndeg de 29. Mäerz 2009 ass ëm 16.30 Auer zu Baastenduerf eng Meditatioun iwwert Hongerduch vu Misereor

Mierschent

DMass vum Sonndeg, den 29. Mäerz 2008 gëtt gesonge vun der Chorale Ste Cécile vu Schlënnermanescht

Ouschterkommunioun

DOuschterkommunioun fir krank an eeler Leit:

Mellt är Leit un beim Här Poos (Tél 92 13 45) oder beim Här Morn (Tél 99 00 82)

Bridderlech Deelen

DKollekt fir „Bridderlech Deelen verleeë mer op Ouschteren.

Am Ouschterparblat fannt Dir Är Affertiitchen, déi Der och nach no Ouschtere kënnt ofginn.

Ouschternuecht

Di nächst zwou Prouwe fir dOuschternuecht vun de Kierchechéier aus dem Parverband Housen – Houschent sinn en Donneschdeg, de 26.  Mäerz 2009 an en Donneschdeg, den 02. Abrëll 2009 ëm 20.00 Auer an der Parkierch zou Housen.

Holztem

E Sonndeg, den 19. Abrëll 2009 ass ëm 15.30 Auer zu Holztem Kanddaf.

Houschent

Kanddaaf vum 19. Abrëll 2009

Versammlung fir dElteren Giedelen a Pätteren: Mëttwoch, den 01. Abrëll 2009 ëm 20.00 Auer am Parsall zu Houschent.

Mierschent

Den 03. Mee 2009, no der Kiermesmass, invitéiert "Di Merschter asbl" op den Apéritif zu Mierschent am Zelt !

20090503d

 

Am 2. Mai 2009 findet die 3. Nacht der Kathedralen statt. Die Kathedralen der Diözesen Lüttich, Luxemburg, Metz und Trier werden ihre Türen wieder bis Mitternacht geöffnet haben (in Trier sogar bis 6 Uhr in der Früh). Ein kulturelles und spirituelles Programm mit Konzerten, Ausstellungen, Vorträgen, Aufführungen, Besichtigungen, Meditationen, Gebeten und Zeiten der Stille wird an den verschiedenen Orten angeboten werden.

Die Nacht der Kathedralen lebt von der Idee eines gemeinsamen Kirchenprojektes, über die Diözesan- und Landesgrenzen hinweg : es geht darum zu zeigen, dass, in einem sich weiter vereinigenden Europa, Kultur und Spiritualität Quellen des Zusammenlebens waren und sind.

Wo anders lässt sich dies besser darstellen als in den Kathedralen, in denen Religion, Kultur und Geschichte derart präsent sind ? Wo sonst als in den Kathedralen verbinden sich nachdrücklicher die Erinnerungen vergangener Generationen mit den Erwartungen und Sehnsüchten der heutigen.

In jeder der beteiligten Kathedralen hat eine Arbeitsgruppe, unabhängig von den anderen, ein Programm erarbeitet, das den Bedürfnissen und Möglichkeiten der jeweiligen Diözese entspricht. So ist die Nacht der Kathedralen als Zeichen der Einheit auch gleichzeitig Zeichen der kulturellen und spirituellen Vielfalt.

Le 2 mai 2009 aura lieu la troisième « Nuit des Cathédrales ». Les cathédrales des diocèses de Liège, Luxembourg, Metz et Trèves laisseront leurs portes ouvertes jusquà minuit (à Trèves même jusquà 6 heures du matin). Elles proposeront un programme culturel et spirituel varié avec concerts, expositions, conférences, spectacles, visites guidées, méditations, prières et temps de silence.

Au départ était lidée de réaliser un projet dÉglise au-delà des frontières diocésaines et nationales : montrer que la culture et la spiritualité appartiennent bel et bien aux sources de la vie commune dans une Europe qui sunifie de plus en plus. Quels autres lieux que les cathédrales, monuments religieux, culturels et historiques à la fois pouvait-on trouver pour symboliser cette présence dans la vie publique ? Quels meilleurs lieux que les cathédrales sont capables de renfermer en elles aussi bien les souvenirs des générations passées que les désirs et les espoirs des générations présentes ?

Dans chaque cathédrale participante, une équipe se charge indépendamment des autres de la préparation et de lexécution dun programme adapté aux besoins et possibilités du diocèse en question. La Nuit des Cathédrales devient ainsi à la fois un signe dunité et un signe de diversité culturelle et spirituelle.

Kathedral

Eng flott Traditioun : kommt mir féieren se weider:

Wellef-Andacht an der Kathedral,

Donneschdeg den 14. Mee 2009

Wee kënnt mat?

Rendez-vous um 15:40 Auer op der Gare zu Ettelbreck (Départ Zuch 15:51)

Du bass an Uniform, hues bessi Täschegeld (Märtchen), Jumbokaart oder Dagesbillet, eng Mamm/Papp, déi mat welle kommen, kennen dat gär maachen.

Retour 19:25 oder 19:39 Gare Ettelbruck

De Gruppechef (ech sin derbäi ! ! ! )

Wiltz

Le 21 mai 2009 à Wiltz

Pèlerinage annuel
au Sanctuaire de Notre Dame de Fatima Wiltz

      14.00 Prière du rosaire

      14.30 Départ de la procession

      15.45 Messe au Sanctuaire

Lëpschent

Päischtméindeg zu Lëpschent:

Em 10.00 Auer Mass zu Éieren vum hellegen Willibrord

DProzessiounen gi fort:

      zu Méchela ëm 08.15

      zu Lëpschent ëm 08.30

      an der Maarkebach ëm 09.00

Mir hun dëst Joer déi grouss Éier, fir déi Mass zesummen mat eisem Här Äerzbeschof Fernand Franck kënnen ze feieren.

Dir sitt häerzlech invitéiert, fir bei dëser Mass derbei ze sinn an un de Prozessiounen deelzehuelen.

Sprangprëssioun

Hallo léiw Wellef, Avex, Carapio a Chef

Paischtdënsdeg, 02. Juni 2009

Sprangprëssioun

Bas du derbäi?

Ma da komm an Uniform fir 10:00 Auer op Dikrech op dGare

Départ vum Bus 10:09 um Bushalt

Wat brauchs du?

Deng Jumbokaart, Busbillet, Picknick, Täschegeld (Kirmes), Kway, Sonnekap

Retour: 17:15/17:20/17:40 an engem vun desen 3 Bussen Gare Dikrech

Jacquel

Kollekt

E Samsdeg, den 06. Juni 2009 an e Sonndeg, den 07. Juni 2009 ass an alle Massen Kollekt fir dKierchen an Osteuropa.

Baastenduerf

Härläichendagsprëssioun

Mir invitéieren all Kanner aus dem Parverband bei der Prëssioun derbäi ze sinn, besonnesch dÉischtkommiounskanner an dMassendénger (an der Alëf).

All Kand soll eng Blumm matbréngen, déi ënnerwee virun dSakrament niddergeluecht gëtt.

Houschent

Kanddaf vum 21. Juni 2009

En Dënsdeg, den 09. Juni 2009 ass um 20.00 Auer am Parsall vun Houschent eng Versammlung fir Elteren, Giedel a Pätteren, déi e Sonndeg, den 21. Juni 2009 hir Kanner deefe loossen.

St. Vith

Weekend fir Jugendlech

am 26.- 28. Juni 2009

Die Diözese Lüttich sowie die Diözesen Trier, Luxemburg, Metz und Verdun möchten sich im Geiste des WJT zu einem WE in St. Vith begegnen.

Programm:

Freitag:

      19.00 : Ankunft

      19.30 : Schlafplatz einrichten

      20.00 : Erfahrungen und Bilder vom XXIV. Weltjugendtag in Rom, Brüssel, ...

      21.00 : Lichternachtfeier

      22.00 : gemütliches Beisammensein

Samstag:

      08.00 : Morgengebet

      08.30 : Frühstück

      09.30 : Katechese

      12.00 : Mittagessen

      14.00 : Ateliers (Fußball, Radtour (20Km),
      Besichtigung (Schieferstollen und Käserei in Recht)
      Besichtigung von St. Vith und Umgebung

      18.00 : Abendbrot

      19.30 : Gruppenspiel für draußen

      21.00 : Abendimpuls

      22.00 : gemütliches Beisammensein

Sonntag

      08.00 : Morgengebet

      08.30 : Vorbereitung Messe

      10.15 : Messe in St. Vith

Kollekt:

De Week-End vum 04. a 05. Juli 2009 ass Kollekt fir „Pastoral vun de kiirchlecher Beruffer

Houschent

Versammlung vun de Memberen vun de Parréit:

En Dënsdeg, de 07. Juli 2009 um 20.00 Auer am Parsall zu Houschent.

Um „Ordre du Jour: virun allem eist Parfest am Hierscht

Weider Terminer

1. E Sonndeg, de 19. Juli 2009 feiere mer um 15.00 Auer Mass an der Schlënner zu Éieren vun der helleger Kunigunde.

Mat äis feiert dës Mass den Här Jos. Roemen, Deche vu Clierf.

2. Fir de Parausflug reservéiert Iech den Dënsdeg, den 11. August 2009.

3. Parfest: 04. Oktober 2009 am Centre Culturel zu Housen

Houschent

Kanddaf vum 16. August 2009:

Fir dElteren, Pätter a Giedelen ass eng Versammlung Freideg, de 07. August 2009 ëm 20.00 Auer am Parsall zu Houschent

Schlënnermanescht

E Sonndeg, de 9. August 2009 gëtt no der Mass um Site vun de Schwësteren eng Statue vun der Muttergottes vu Banneux geseent. Duerno verre damitié

Parausfluch

en Dënsdeg, den 11. August 2009

    - Départ: 07:30 zu Houschent, 07:40 zu Housen bei der Kierch

    - Kaffispaus zu Prüm; duerno gi mir dKrippana zu Losheim kucken, eng Ausstellung vu Krëppercher aus aller Welt

    - Mëttigiessen zu Losheim

    - Op Wonsch vun en etlech Leit fuere mer dann an de Freilichtmuseum Kommern, wou mir 1992 schonns mol waren, a spazéieren duerch een Duerf aus aler Zäit

    - Nees doheem ass nach eng kleng Stäerkung am Hotel des Ardennes zu Houschent virgesinn.

Präis : 50 € alles abegraff

Zéckt net laang a mellt Iech direkt un, spéitstens bis e Freideg, de 7. August 2009 beim Vic Bodson um Télefon 99 07 78

Massendénger

E Mëttwoch, den 09. September 2009, maachen dMassendénger(innen) en Ausfluch op Brühl an de Park.

Départ zu Houschent ëm 08.00 Auer, zu Housen ëm 08.15 Auer

Bus, Entrée an dPhantasialand a 5.00 Euro op de Kapp gi vun der Keess bezuelt!

Allerleschten Termin fir sech unzemelden: Sonndeg, den 06. September 2009, ëm 20.00 Auer.

Numm ______________  Virnumm_____________ vu _______________________________

Melle méch fir den Tour vun de Massendenger un !

Ënnerschrëft vun den Elteren : _________________________

Banneux

Pilgerfahrt op Banneux

Dës Pilgerfahrt ass e Freideg, den 11. September 2009.

Mellt Iech un bei „Voyages Simon um Telefon 80 85 75-10

Firmung

Firmlingsgrupp vum Här Morn: Versammlung e Freideg, den 25. September 2009 um 17.00 Auer.

Firmlingsgrupp vum Här Poos: Versammlung, en Dënsdeg, den 22. September 2009 um 17.00 Auer am Vereinshaus zu Wuelëssen.

Hinzert

Gedenkfeier zu Hinzert

e Samsdeg, en 19. September 2009.

DMass gët do gesongen vun der Chorale Ste Cécile vu Baastenduerf.

Wee matfuere wëllt ass häerzlech wëllkomm.

Mellt Iech un beim Här Alphonse Ries, um Telefon 80 38 38.

Départ zu Baastenduerf ëm 12.00 Auer.

Parfest

Sonndeg, den 04. Oktober 2009, zu Housen

10.00 Mass fir de Parverband

Merci fir dFriichten a Gaart a Feld a fir alles, wat den Härgott äis schenkt.

Hëpperdang

Jugend tëscht Angscht an Hoffnung

Konferenz mat der Sr. Danièle Faltz,
Direktorin vun der „Ecole Privée Fieldgen

Dës Konferenz ass en Dënsdeg, den 06. Oktober 2009 um 19.00 Auer am Club Haus op der Heed zu Hëpperdang.

Dësen Owend ass organiséiert gemeinsam mat dem "Porverband Cliärref—Hengescht-Munzen".

Houschent

Fir de Kanddaf vum 18. Oktober 2009 ass Versammlung vun den Elteren, Pätter a Giedelen am Parsall zu Houschent en Dënsdeg, den 06. Oktober 2009, ëm 20.00 Auer

Houschent

Rousekranzprozessioun

Mir invitéieren dLeit vum ganze Parverband op eis Rousekranzprozessioun e Mëttwoch, den 07. Oktober 2009, (Rousekranzfest) ëm 18.30 zu Houschent.

Lëtzebuerg-Beggen

20-Jahr-Feier von CSI

Sudanesischer Bischof berichtet

Die ONG "Chrëschtlech Solidaritéit International" (CSI) feiert am Mittwoch, dem 14. Oktober 2009, um 18.30 Uhr Geburtstag mit einer abwechslungsreichen "Soirée" im Kulturzentrum in Luxemburg-Beggen (26A, rue de Rochefort). Im Herbst 1989 von Abbé Robert Brosius gegründet, wird die ONG an dem Abend in Wort, Ton und Bild ihre drei Arbeitsfelder beleuchten: Kooperation, Eine-Welt-Erziehung und Religionsfreiheit. Zwei langjährige Partner von CSI stehen im Mittelpunkt der 20-Jahr-Feier: Bischof Macram Max Gassis (Diözese El Obeid, Sudan) und Sr. Agnès Mai Chau (Hai Phong Dominican Sisters, Südvietnam). Beide werden über die aktuelle Situation in ihren Ländern, über die Rolle der Kirche und über Entwicklungszusammenarbeit vor Ort berichten.

Eine Übersetzung Englisch-Deutsch ist vorgesehen.

Herzliche Einladung an alle Interessierten!

Für weitere Informationen und Anmeldung: CSI asbl, 140, rue A. Fischer, L-1521 Luxemburg,
Telefon 26.64.93.89-20, info@csi.lu

Missio 2009_300

Op Uerder vum Här Aerzbeschof gin den Weekend vum 07./08. November 2009 all Massen zu Éieren vum hellegen Willibrord gefeiert!

Pilgerfahrt op Iechternaach

E Mëttwoch, den 11. November 2009

DPilgermass ass um 17.00 Auer an der Basilika.

Op dem Heemwee gi mer an de Restaurant Dimmer zesummen iessen.

Präis pro Persoun: 25,00  EUR - Umelden bis den 08. November 2009 um Télefon 99 07 78

Départ vun de Bussen:

Bus l 

Bus ll

14:55

Rodershausen

Weier

14:50

Housen

Abri

14:57

Roudersen

Kiirch

14:58

Wuelëssen

Kiirch

15:04

Uewereesbëch

Kiirch

15:02

Weller

Kiirch

15:07

Ennereesbëch

Kiirch

15:06

Mierschent

Kiirch

15:40

Tandel

Abri

15:10

Grooljen

Kiirch

 

15:20

Nuechtmanescht

Abri

Zubringer A

15:25

Groesteen

Abri

15:05

Hueschter-Dëckt

um Pëtz

15:30

Laaschent

Abri

15:09

Houschent

Kreizgaass

15:35

Branebuurg

Arrêt

15:13

Lëpschent

Leweck

15:40

Baastenduerf

Lann

 

 

 

15:43

Bleesbrëck

 

Alternative Bus:

      15.20 Housen
      15.30  Houschent

Rousekranzgebiet

Vum 19. Oktober 2009 bis den 15. November 2009 wëlle mer an alle Kiirchen vum Parverband zesummekommen, fir de Rousekranz ze bieden.

Wéini? Maacht dat ënnert Iech aus!

    Zu Houschent gëtt de Rousekranz gebiet méindes, mëttwochs a freides ëm 18.00 Auer

    Zu Houschent gëtt de Rousekranz gebiet méindes, mëttwochs a freides ëm 18.00 Auer

    Zu Housen gëtt de Rousekranz gebiet méindes, mëttwochs a freides ëm 19.00 an der Muttergotteskapell

    Zu Lëpschent biede mer de Rousekranz freides ëm 19.00 Auer

    Baastenduerf huet am Rousekranzmount all Méindes, Mëttwochs a Freides Rousekranz, an zwar ëm 19.00 Auer.

Weller

Parréit – Versammlung

Versammlung fir all Membere vun  eise Parréit, en Donneschdeg, de 26. November 2009 zu Weller.

Rendez-vous ëm 19.30 Auer an der Kierch, duerno Versammlung am Gemengebau.

Sech umelle beim Präsident(in) ! ! !

Caeciliendag

An de Masse fir dGesangveräiner ass dKollekt fir dës Veräiner bestëmmt!

1. Dezember 2009 : Welt-Aids-Tag

Dieser Tag wurde 1988 von der Weltgesundheitsorganisation (WHO) ausgerufen. Das Motto der Jahre 2005-2010 lautet « Gemeinsam gegen Aids: Wir übernehmen Verantwortung - für uns selbst und andere »

3. Dezember : Internationaler Tag der Behinderten

Dank technischen Fortschritts hat sich die Situation körperlich und geistig eingeschränkter Menschen gebessert. Immer wieder ist die Gesellschaft bemüht, den Bedürfnissen Behinderter gerecht zu werden. Erst wenn Behinderte genauso selbstverständlich uneingeschränkt am sozialen Leben teilnehmen können, wie Nicht-Behinderte,dann sind wir am Ziel angekommen.

SEO

Ste Barbara-Feier

Freideg, den 04. Dezember 2009 ëm 18.00 Auer am neie Besucherstollen vum Pompspäicherkraaftwierk.

Rendez-vous ass um Parking P3.

Mass zu Éieren vun der helleger Barbara fir all Verstuerwen aus der Bau- a Betriebszäit vun der SEO.

Org.: Amicale d'Pensionéiert vun der SEO

Groussbus

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

NATIONAL FRIDDENSLIICHTFEIER 2009

en Donneschdeg, de 17. Dezember 2009 zu Groussbus an der Turnhall

Ufank: 19.30 Auer mat enger besënnlecher Veillée, duerno ass eng Liichtfeier

DAktioun Friddensliicht wëll och 2009 nees en Zeechen fir dVerstännegung tëscht de Mënschen an dHoffnung op Fridden setzen.

Nom Motto "Drot an dWelt elo e Liicht!" ass et no de Liichtfeieren erwënscht, dat Liicht dat een geschenkt krut, net ënnert dBänkelchen ze setzen oder et fir sech ze halen, mä villméi duerfir ze suergen, datt d'Liicht ëm Chrëschtdag iwwerall brennt.

Et gëtt eng Quête gemaach zu Gonschte vun de 5 Odyssee-Projekter vun de Ranger-Rover am Senegal, Bolivien, Bosnien-Herzegowina a Vietnam. Et kann och een en Don iwwerweisen op de Kont vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten bei der Dexia LU 10 0021 1921 8216 5200 mat der Mentioun LGS Friddensliicht

Klimagerechtigkeit

Am Sonntag, dem 13. Dezember 2009 werden die Kirchenglocken Luxemburgs erklingen als dringender Appell für mehr Klimagerechtigkeit

Beichtgeleeënheet viru Chrëschtdag

Mierschent

Donneschdeg

17. Dezember 2009

10.15

Wuelessen

Donneschdeg

17. Dezember 2009

17.30

Houschent

Donneschdeg

17. Dezember 2009

18.00

Roudersen

Donneschdeg

17. Dezember 2009

19.00

Housen

Samsdeg

19. Dezember 2009

15.00

Baastenduerf

Dënsdeg

22. Dezember 2009

09.15
(virun der Mass)

Lëpschent

Dënsdeg

22. Dezember 2009

10.30

Kanddaf

De nächste Kanddaf ass net den 13. Dezember 2009, mä den 20. Dezember 2009

Firmung

No der Chrëschtvakanz fänke mer mat der Virbereedung un. Den Datum vun der Firmung selwer hängt dovun of, wéi mer mat der Virbereedung virukommen

Action pour un Monde Uni

DHëllef fir Kroatien vun der Action pour un Monde Uni huet 390 Bananekëschten Iesswueren, 44 Hygiènekëschten, 280 Kleederkëschten an 8 Schoulsaachekëschten zesummebruecht. Merci!

Wëller

Kaffiskränzchen zu Wëller am Sall,

e Sonndig den 11. Januar 2009

Ufank 14 Auer

Organisatioun Chorale St Hubert Mierschent

Tauschkrees Norden

Madame, Monsieur,
mir invitéieren Iech ganz härzlech op

éis Generalversammlung

1. Begréissung vum Präsident

2. Tätigkeetsbericht vun der Sekretärin

3. Keesbericht

4. Entlastung vum Comité duurch d'Kassenrevisoren

4. Kassenrevisoren fir 2009

5. Wahlen fir de Comité

6. Verschiddenes

Wien sech wëllt fir de Comité melden, deen kann seng Kandidatur schrëftlech oder och mendlech an der Generalversammlung stellen.

an éisen 4. Gespréichsowend

fir een Dënsdig den 27. Januar 2009 owens em 20.00 Auer am Restaurant Weiler 2, an der Gaass zu L-9150 Eschduerf.

Hei huet Dir Geleegenheet d'Iddi an Leit vum Tauschkress kennen ze léieren an Dir kritt vleicht och de gudde Gedanken beim Tauschkrees als aktiven Member mat ze maachen.

Schéing Gréiss,

de Comité TAUSCHKREES Norden asbl.

Fir weider Info: GSM 691 92 06 88 Michel Heftrich oder GSM 621 13 93 35 Fél. Schannel

Baastenduerf

DPompjeeë Baastenduerf invitéieren op hir

BALLERMANN-PARTY

e Freiden, den 30. Januar 2009, zu Baastenduerf beim Gemengesall mam Disco Team SIGMA 7

Sangria-Bar, Grill

Houschent

DChorale Ste Cécile Houschent invitéiert op hire

20090124d Kaffiskränzchen

am Centre 2000 zu Houschent, deen op de Sonndeg, den 01. Februar 2009 virgeluegt ginn ass.

Verbréngt den 01. Februar 2009 vu 14.00 Auer u mat eis e puer gemittlech Stonne bei Kaffi a Kuch!

Doniewent hu mir och eng ganz schéin Tombola fir di Grouss an di Kleng mat engem Spilleck fir dKanner.

20090124c

Houschent

DChorale Ste Cécile Houschent invitéiert op hiren

Kaffiskränzchen

e Sonndeg, den 01. Februar 2009 am Centre 2000 zu Houschent vun 14.00 Auer u.

Verbréngt mat eis e puer gemittlech Stonnen bei Kaffee an Kuch!

Doniewend hu mir och eng ganz schéin Tombola fir di Grouss an di Kleng mat engem Spilleck fir dKanner.

Lëpschend

Sagbuts Quintet

De klassesche Blechbléiserensemble besat mat zwou Trompetten, engem Cor, enger Trombone an enger Bass-Tuba lued Iech an op e klenge Concert: e Freideg, de 6. Februar 2009 um 19.00 Auer an der Kierch zu Lëpschend

Munzen

Les Amis de lOrgue Luxembourg présentent:

Georg. F. Händel

Concert pour orgue et orchestre op. 7
Concerti grossi pour orchestre

Dimanche, le 08 février 2009 à 17.00 à lEglise de Munshausen

Exécutants :

      Ensemble « Estro Armonico » (direction : Guy Goethals)

      Paul Breisch – Paul Kayser – Laurent Felten (orgues)

Entrée : 15 € (membres 10 €, étudiants 7,5 €)

Park Housen

D´Elterevereenegung APEPH aus dem Park Housen invitéiert Iech häerzlech op déi

7. Park Housen Show

e Sonndeg den 15. Februar 2009 em 14.00 Auer an dSportshal vum Park Housen.

Um Programm: Optrëtter vun 9 Schoulklassen, dem Kanner-Theatergrupp ´Den Holzwuerm´ an dem Hip Hop Danz Grupp.

Entrée: 4-12 Joer 2€, Erwuessener 3€. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Konstëm

Konstëm am Damp

Foosfregdich, den 20. Februar 2009 am „Centre Communal zu Konstëm

Orchester: Los Amigos Org.: Pompjéen Konstëm/Holztëm

Houschent

De Syndicat dInitiative vun Houschent invitéiert op ee

Kannerfuesbal

mam Clown Bimbo

am Centre 2000 zu Houschent, Fuesméindeg, den 23. Februar 2009.

Ufank 14.30 Entrée : Kanner fräi, Erwuessener 2.50 €

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt. Schéin Tombola

Houschent

FUESBAL
Pompjeeën Houschent

Fuesméindeg, den 23. Februar 2009 am Centre 2000 zu Houschent

Orchester : Pol a Rosch

Houschent

D'Pompjeeen Houschent invitéieren

Buergsonndeg

den 01. Mäerz 2009 owes an den Pompjeesbau, nodems d'Buerg géint 19:00 Auer ugefang gouf.

Weller

D'Pompjeeë vu Weller/Pëtschent invitéieren op den

THE DANSANT

Halleffaaschten, den 22. Mäerz 2009
zu Weller am Gemengesall.

Ufank ëm 14.00 Auer. Fir gudd Stëmmung suergt den "DJ Duff".

Flott Tombola, Kaffisstuff.

Housen

Fraen a Mammen Gemeng Housen lueden an op hir Generalversammlung e Fréideg, den 03. Abrëll 2009 am Centre Culturel zu Housen (1te Stack).

Konstem

D'Fraen an d'Mamme vu Konstem/Holztem invitéieren Iech häerzlech op hire Bazar, Pällemsonndig, den 05. Abrëll 2009 zu Konstem am Centre Culturel.

Vun 11:00 Auer u kënnt Dir schonns den Dessert bei eis siche kommen. Am Nomëtteg gëtt et Kaffi a Kuch, frësch Wafelen, eng grouss Tombola, Virwëtztute fir di Kleng an eng zweet Tombola wou et eng Rees ze gewanne gëtt !

Den Erléis vun dësem Dag as fir: D'Elterevereenegung vun den autistische Kanner Lëtzebuerg, resp. Madame Sylvie LEISEN-GLESENER vun Ëlwen, fir ee Centre d'Accueil fir d'Famillje mat autistische Kanner anzeriichten. Ween net ka kommen, an eis trotzdem wëllt ënnerstëtzen , ka bis den 21. Mäerz 2009 Saache fir an d'Tombola ofginn oder en Don op de Kont CCRA IBAN LU34 0090 0000 0161 1433 vun de Fraen a Mamme Konstem - Holztem iwwerweisen.

Mir soen Iech am viraus villmools Merci a freeën äis op äre Besuch.

Allerbuer

20090419e

Tauschkrees Norden asbl

eine praktische Antwort zum d'Sozialwuert vun der Kierch vu Letzebuerg

Handlungsfeld: Zum Miteinander in der einen Gesellschaft beitragen

Dass wir in einer plurikulturellen Gesellschaft leben, ist gewusst. Gewusst ist auch, dass manche Gruppen nebeneinander und aneinander vorbei leben. Hier sollen über die bestehende Ansätze hinaus, verstärkt Anstrengungen in Zusammenkünfte und Feiern gemacht werden, um das Miteinander zu fördern.

In diesem Sinne lädt der Tauschkrees Norden asbl ein zu einem

Gesprächsabend

am 29. April 2009  ab 20.00 Uhr

      im Café  Op der Feitsch
      L 9631 Allerborn – Maison 4
      Telefon 26 91 47 57

Tauchkrees kennenlernen

Austausch von Ideen – Erfahrungen – Erlebnisse – Impulse
Kontakte : Leute kennenlernen – zwischen Alt und Jung
 

Baastenduerf

Sozialen Dag zu Baastenduerf

e Samdsdeg, den 09. Mee 2009,
vun 11.00 – 17.00 Auer

De Centre de Formation F.E.S.T vun der Forum pour lEmploi asbl, dBaastenduerfer Haus vun der Ligue HMC an dBaastenduerfer Maison Relais (Fir Ons Kanner) maachen hir Diere grouss op:

  • 11.30 Auer – Concert Apéro vun der Baastenduerfer Musek
  • 15.00 Auer – Lëtzebuerger Lidder, Kaffi a Kuch vum Restaurant Goldknapp Ligue HMC
  • 13.00 a 16.00 Auer – Visites Guidées fir Grousser
  • 14.30 Auer – Visite Guidée fir Kanner
  • fir Iessen a Gedrénks suergen dJugendpompjeeën
  • Parking beim Fussballsterrain (Bus-Navette)

Park Housen

GaSL

20 Joer Scouten
« Mère Thérèse »
Housen/Houschent

Ob Guide/Scout oder och net, kommt a feiert mat den 10. Mee 2009 am Park Housen

10:30 Auer Mass mat afrikaneschem Flair mam Grupp Allegria vu Woltz

Während der Mass gët de Projet Senegal virgestallt

No der Mass -  Apèro, dann e gudden Buffet an

e gemittlechen Scoutsnometteg

Houschent

De Syndicat dInitiative et de Tourisme vun Houschent lued Iech härzlech an op hire

WANDER- a FAMILJENDAG

op Christi Himmelfaart, Donneschdeg, den 21. Mai 2009

Um 09.30 Auer beim Centre 2000 zu Houschent:

Départ fir eng Freejoorswanderung duerch eise schéine Schlënnerdall

Vun 12.00 Auer un : Apéritif

Ëm 13.00 Auer :Mëttegiessen (Judd mat Gaardebounen, Speckgromperen, Taart a Kaffi)

Präis pro Persoun: 15,00 Euro; Umeldung bis den 18. Mee 2009 beim Heirens Pieta um Tel: 691 67 18 09 oder beim Schroeder Hélène um Tel: 99 01 40

Nomëttes geet et vun 15.00 Auer un weider mam Thé dansant.

Den Orchester LOS AMIGOS suergt fir gudd Stëmmung.

Entrée: 3,00 € Kanner fräi

Fir d Kanner ass e Sprangschlass op der Plaatz virum Centre 2000.

Roudersen

De Veräin „Di Rouderser an de Gesangveräin „dSänger aus dem Stëllen Dall, lueden Iech an, op hiirt

 Zeltfest zu Roudersen,

Pingstsamsdig, den 30. Mee 2009,

um 21.00 Auer, mat dem Orchester „Sound Express.

Pingstsonndig, den 31. Mee 2009 vu 14.00 Auer un, ee gemittlechen Nomëttig mat DANZ-SPILL, Kaffi a Kuch, Concert mat dem Musekveräin vun Dohnen/Dosbuerg (D) an Animatioun mat „Fun & Kar

Wuelessen

DWuelesser Sängerfrënn an dEesber Ourdallsänger invitéieren op hire

Liddernomëttig fir Mammendag

bei Kaffi, Kuch an enger ganz schéiner Tombola

e Sonndeg, de 14. Juni 2009 vu 15.00 un am Sall „A Meesch zu Wuelessen

Baastenduerf

Samsdes, de 27. Juni 2009

Wäinfest zu Baastenduerf

20.00 Auer : Concert vun der Baastenduerfer Musik

Dikrech

 

Cantates allemandes et musique
instrumentale du 17e siècle

J.Ch. Bach, D. Buxtehude, J. Fischer,
B. Marini, S. Scheidt, Ch. Spahn, F. Tunder.

La classe de viole de gambe
&
de musique de chambre ancienne du CMNord,

dir. Michel J. Rada Igisch,

classe de chant, Mariette Lentz,

orgue positif, Fons van der Linden

26 juin 2009 à 20.00 heures

Eglise Saint Laurent – Diekirch (L)

Housen

Bauerekiirmes 2009

Vun 10.00 Auer un: Floumaart an aalt Handwierk

Vun 11.30 Auer un:  Hämmelsmarsch mat der Harmonie Municipale Husen

Vun 12.00 Auer un:  Bauerekascht am Centre Culturel - Präis: 17.00 €

Op der Gemengeplaz: Gegrilltes a Gedrénks

Animatioun mam  Sully

15.00 Auer: Cortège ënnert dem Motto:

Mäerercher an Seeërcher

Vun 17.30 Auer un:  Zéieg vun eiser grousser Tombola

Vun 18.00 Auer un:  Musikalisch Animatioun mat Etschland Express an den  Éislecker Stemmungsbléiser

Duerno Bal an Ambiance am Centre Culturel, um Mikro de Sully

Mierschent

19. Juli 2009

Summerfest mat Rallye pédestre

Start vun 11:00 bis 14:00 Auer bei der aler Schull

Startgeld 8 €, Kanner 4 € , incl. ravitaillement

Den ganzen Dag Animation bei der Schull

Organisatioun: Di Merschter asbl

Branebuerg

19. Juli 2009

11ten Branebuurger Maart

vun 10.00 bis 18.00 Auer

Een internationale Maart mat Qualitéitsprodukter aus biologischer a regionaler Produktioun, mat Musek, Animatiounen, Tombola a Kannerfloumaart

Organisatioun: Gemeng Tandel,
Chorale Ste Cécile Branebuurg-Laaschent,
Syndicat dInitiative Gemeng Baastenduerf,
Pompjeeë Gemeng Tandel Sektioun Baastenduerf,
Naturpark Our

Baastenduerf

DPompjeeë vu Baastenduerf invitéieren op hiirt

GRILLFEST mat Flouhmaart

den 09. August 2009

beim an am Gemengesall

Vun 11.00 Auer un: Apéritif, duerno sti verschidde Menuer zur Auswiel

Wuelessen

Déi Wuelësser Sängerfrenn invitéieren op hiirt traditionnellt

DUERFFEST

 zu Wuelessen a Meesch
e Sonndig, den 23. August 2009

Apéritif no der Mass

Um 12.00 Mëttigiessen

Umelden fir Iessen bis den 18. August 2009 um Telefon 92 16 34 oder 92 16 33

Nomëttes Livemusic mam Orchester Top-Sound

Houschent

Kiirmesbal

den 05. September 2009
am Centre 2000 zu Houschent

Orchester: Fifty-Fifty.   Viirverkaf: 3 Euro – Owerskees: 5 Euro

Kiirmessonndeg: Apéritif non der Mass am Schoulhaff

Organisatioun_ Club Eenegkeet Houschent

 

GaSL

Ee neit Joer geet un!

- Rendez-Vous fir ee Grupperot e Mëttwoch, de 09. September 2009 um 19:30 zu Housen am Sall

- dFrënn vun de LGS treffe sech en Dënsdeg den 08. September 2009 um 20:00 zu Housen am Sall

Info fir eis Jugend am nächsten Parblat !

Konstem

100 Joer Pompjeeën Konstem-Holztem

Samsdes, den 12. September 2009

Festprogramm :

      19.30 Auer: Feierlich Mass fir de Jubilarveräin

      20.15 Auer: Cortège bis an d'Festzelt beim Centre Communal

Opmaache vun der Fotoausstellung vun 21.00 un.

Bal mam Orchester POL A ROSCH

géint 22.00 : éischten Optrëtt vum Georges Christen

Den Entrée ass fräi

Petscht

STERBEHILFE

Es ist nie zu spät, etwas richtig zu machen.

"D'Frënn vum Ourdall"  lädt Sie herzlich ein, an dieser Informationskonferenz teilzunehmen, am Montag, den 28. September 2009 um 20.00 Uhr im Gemeindesaal "Neit Wunnen" in Putscheid.

Dr. Georges Jacobs ist Allgemeinmediziner und beschäftigt sich seit Jahren mit dem Thema der Sterbehilfe.

In diesem Vortrag weist Dr. Jacobs auf die Schwachstellen des Gesetzes 4909 hin und erläutert aus seiner Sicht die Missbrauchsrisiken der Euthanasie.

Méchela

DChorale Sainte Cécile Méchela-Lëpschent invitéiert Iech op hiere

Hëpperdang

Jugend tëscht Angscht an Hoffnung

Konferenz mat der Sr. Danièle Faltz,
Direktorin vun der „École Privée Fieldgen

Dës Konferenz ass en Dënsdeg, den 06. Oktober 2009 um 19.00 Auer am Club Haus op der Heed, Hëpperdang.

Dësen Owend ass organiséiert gemeinsam mat dem „Porverband Cliärref-Hengescht-Munzen.

Kaffiskränzchen

Sonndes de 25. Oktober 2009

vun 14:00 Auer un an der aler Schoul zu Méchela

Weller

Bingo zu Weller am Festsall

Sonndes, de 25. Oktober 2009 ass

Schéi Gewënner, fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt

Organisatioun : Weller-Turnschlappen

Housen

am Centre Culturel Housen
Samschdeg, den 14. November 2009
ëm 20 Auer (Caisse: 19.30)

DWormer Chorale spillt dOperett

Wormer_a

DE GROF VU WORMER

oder DSchnéiwittchen op der Musel

Text: Jemp Rollinger       Musek: Luc Rollinger

Reservatioun: 621 13 37 78 (Armand Diederich)

Entrée: Erwuessen: 8 € - Kanner: 4 €

Fir Gedrénks an e klenge Maufel an der Paus ass gesuergt

Organisateur: Syndicat dInitiative Housen

Park Housen

"Schoulsak-Aktioun fir d'Ukraine 2009"

"Kanner hëllefe Kanner" vun „Pro Deo et Fratribus

Vill Schoulkanner an der Ukraine kënnen net ageschoult ginn, well hier Elteren arm sinn.

Schenkt hinnen ee Schoulsak (Rucksack) a guddem Zoustand, gefëllt mat dësem Schoulmaterial:

        4 Hefter (normal),
        (nei) Schachtel
        mat 2 Bläistëfter,
        Bicer,
        Spëtzer,
        Gummi,
        Stëfter oder Holzfaarwen,
        Molblock a Lineal.

Zousätzlëch kënnt Dir folgendes derbäileeën:

        Séissegkeeten (Kamellen/Schockela/Knätsch),
        Mutz,
        Schal,
        Händschen,
        Strëmp,
        eng kleng Spillsaach.

Dir kënnt dSchoulmaterial och an eng Schungkëscht leeën.

Des weidere sammele mir Kannerkleeder (0-18 Joer), Bettwäsch a Kuscheldéieren.

Wou kënnt Dir Är Saachen ofginn?

An der Schoul Park Housen (rond Haaptgebai):

Méindes, den 09. an den 16. November, Mëttwochs, den 11. an den 18. November an Samsdes, den 21. November 2009 jeweils vun 12.00 bis 12.30 Auer.

An de Kiirchen zu Housen an Houschent:

Den 07./08., den 14./15. an den 21./22. November 2009 virun der Mass.

Villmols Merci am Numm vun de Kanner aus der Ukraine fir Är Hëllef.

Weider Informatiounen bei der Elterenvereenegung vum Park Housen um Telefon 92 94 78

Houschent

BINGO-OWEND

Den 21. November 2009 vun 19.00 Auer un
am Centre 2000 zu Houschent

Vun 19.00 Auer bis 20.00 Auer gëtt fir déi, die gestäerkt an Bingo-ronnen wëlle goen, nach eng Portion Chili con Carne ugebueden fir 8,00 Euro.

Dofir soll ee sech umellen: Telefon 90 92 28 oder per E-mail: sihoscheid@internet.lu bis den 19. November 2009.

Ufank vum Bingo 20.00 Auer, dofir brauch ee sech net unzemellen.

Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.

Mir wiere frou, den Owend mat Iech ze verbréngen!

Housen

5 Joer HËLLEF DOHEEM Housen

Mir soe Merci fir äert Vertrauen an invitéieren eis Clienten an hir Famill op eis

PORTE OUVERTE

Freides, den 27. November 2009
vun 14:00 bis 18:00 Auer
am Centre daide et de soins 14, Kräizgaass zu Housen,

tass och Accès fir Rollstill !

Bei Kaffi a Kuch huet Dir Geleeënheet fir mam Personal ze schwätzen an Iech iwwert déi nei Servicer vun „Hëllef Doheem ze informéieren. Mir freeën eis op äre Besuch!

DEquipe vun HËLLEF DOHEEM

Housen

ApresSki_2009

Housen

NiklosNiklosmaart

Adventssonndeg,
den 29. November 2009
 

Vun 11.00 Auer un grousse Niklosmaart mat Stänn vun de Veräiner (mat vill gutt a schéin Saachen).

De Kleeschen gett um 14.30 Auer empfungen an dann am Cortège mat sengen Englecher duurch d'Duerf gefouert.

Virun der Kiirch kritt duerno all bravt Kand eng Tiitchen.

D'Veräiner bidden un:

      Adventskränz, Bastelaarbechten, Lotterie a.s.w.

Fir ze iessen:

      Chili con Carne, Fritten, Grillwurscht, Gromperenkichelcher, Gulaschzopp, Koteletten, Marrons, Popcorn, Taart an Kuch, Träip mat Äppelkompott, Waffelen, Zinibréidercher

Fir ze drenken:

      Béier, Cappuccino, Choky, Cocktails, Drëpp, Glühwein, Jagertéi, Kaffi, Kannerglühwein, Pinot Noir, Schampes, Sangria an Téi

Veräiner:

      100 Pro Näidsen, Chorale Ste Cécile, Di Rouderser, Fair Bikers Housen, F.C.A.S. Housen, Fraen an Mammen, Gaard an Heem, Jeunesse Husen, Pomjéen Housen, Tennis Housen

Org. Syndicat d'Initiative Husen,
Veräiner aus der Gemeng Husen

Park Housen

Chrëschtbeemercher 2009

Lëtzebuerger Nordmann Dännen

Präis je no Gréisst, heemliwweren vum Beemchen: 2,50 €

Rendez-Vous bei der Schoul Park Housen: Passage Précoce – Foyer

Donneschsdeg, 10. Dezember 2009 14.30-15.30

Samsdeg, 12. Dezember 2009 10.30-11.30 an 14.30-15.30

Dir kënnt Äre Beemchen am Viraus bestellen um Telefon 92 94 78

Den Erléis geet integral un dSchoul

APEPH
Association des parents délèves du Centre scolaire régional du Parc de Hosingen

Husen

D'Chorale Ste Cécile Husen invitéiert op hiren

Adventsconcert

VERLEIH UNS FRIEDEN

fir Chouer an Uergel
Musik a Gesank vum 15. bis 21. Joerhonnert

e Sonndeg, den 13. Dezember um 17.00 Auer
an der Parkierch zu Husen

    Direktioun: Ronny Mergen

    Uergel: Nathalie Brachtenbach

Baastenduerf

D' Baastenduerfer Musik invitéiert Iech ganz häerzlich op hiere

Chrëstconcert

Samsdes, den 19. Dezember 2009

zu Baastenduerf an der Kiirch

Ufank 20.00 Auer

Solist um Piano: Marc Bettendorff

Verbréngt duerno e puer gemittlich Stonnen mat éis am Gemengesall!

Mierschent - Bettenduerf

65 JOER DUERNO

DEEMOOLS AM KELLER DEZEMBER 1944

Ee Stëmmespill vum Fränz Frising ënnermoolt mat Advents- a Chrëschtdagslidder

Samsdes, den 19. Dezember ëm 20:00 zu Mierschent an der Kierch

Sonndes, den 20. Dezember ëm 17:00 zu Bettenduerf an der Kierch

Mat de Chorale vu Bettenduerf, Mierschent a Reisduerf

      Uergel : Paul Hardt

      Spriecher : Camille P. Kohn a Marcel Scheidweiler

      Direktioun : Gilbert Kohn